Categories
Podcast

Pitstop Podcast – Episod 8

Laang huet dës Episod op sech waarde gelooss an et ass vläicht déi Läscht. Lët’z Fetz asbl ass elo eng Zäitche senger Haaptbeschäftegung nogaangen an an der Zäit ass vill an der Formel 1 geschitt. An dëser Episod kucke mir op déi vergaange Wochen zeréck a freeën eis op de leschte GP. Dës ass dann och vläicht déi leschte Pitstop Podcast Episod.

Categories
Neiegkeeten

Fakten zu eiser Waasser- Woch

2 Deeler:

1. Deel Tripp
– 5 Etappen
– 67 km Uelzescht
– 63 km Sauer
– 25 Gemengen
– vun Esch-Uelzecht bis ob Waasserbëlleg
– vum 25/10/21 – 29/10/21

2. Deel Clean-Up
– Clean-Up an der Uelzescht
– Stad Zentrum (nach ze definiéiren)
– Fräiwëlleger wëllkomm
– 30/10/21

Categories
Neiegkeeten

Waasser-Woch Partner

Mir sinn frou den Projet dëst Joer mat folgenden Partner zesummen ze organiséieren:

natur&ëmwelt
Emweltberodung Lëtzebuerg asbl
CKL – Canoë Kayak Luxembourg
Asport sports + performance
Waasserwirtschaftsamt

Mir freeën eis ob de Projet vun dësem Joer!

Categories
Podcast

Pitstop Podcast – Episod 7

 

Ungarn virun der Summerpaus an d’GP’s vun der Belsch an Holland no der Summerpaus stoungen um Programm a mir hunn déi neiste Fuererwiessel analyséiert.

Et war dann och de Podcast vun de Pannen an Ënnerbriechungen. Lët’z Fetz Racing hat wuel déi falsch Strategie fir dës Episod; déi et och erëm als Vodcast op YouTube ze fannen ass:

Categories
Neiegkeeten

Waasser-Woch Update

Projet 2021 steet: Waasser-Woch vum 25ten bis den 30ten Oktober 2021

Hannergrond: Wichtegkeet vum Waasser, Waasserschutz, Flora a Fauna, Dokumentatioun

Challenge: An 5 Deeg mam Kanu vun Esch bis ob Waasserbëlleg (+-127 km)

Closing: Cleanup an der Uelzecht

Categories
Neiegkeeten

Waasser-Woch verréckelt

Heiansdo kënnt et anescht ewéi erhofft a mir mussen eise Projet, dee mir nächst Woch wollte starten, op Enn Oktober verréckelen.

Fir dass en dann ouni Probleem kann oflafen, hu mir am Hannergrond nach genuch ze dinn.

Hutt mat eis nach e bësse Gedold, mir halen iech um Lafenden!

Categories
Neiegkeeten

Lët’z Fetz Shop – leschten Opruff

Nach bis den 31. August kënnt dir eis limitéiert Teamwear bestellen.

T-Shirten (15 €) an Zip-Hoodien (30 €) an all de gängege Gréisste vun der nohalteger a fairer Mark Neutral (https://neutral.com)

Bestellunge via Mail shop@letzfetzasbl.lu oder privat Message.

Also ganz séier mellen, Merci!

Sponsor: Asport

Pics: Kevin Junck

Categories
Neiegkeeten

Projet 2021 – Waasser-Woch

De Projet steet, lo musse mir just nach ob déi néideg Autorisatioune waarden.

Dir kritt elo reegelméisseg ëmmer nei Detailer.

Bleift drun!

Categories
Neiegkeeten

Lët’z Fetz Shop

Lët’z Fetz Shop geet ob!

No der grousser Demande no Lët’z Fetz Teamwear, huet dir lo d’Chance iech en limitéierten Deel Lët’z Fetz ze sécheren.

T-Shirten (15 €) an Zip-Hoodien (30 €) an all de gängege Gréisste vun der nohalteger a fairer Mark Neutral (https://neutral.com)

Bestellt elo bis den 31. August iwwert shop@letzfetzasbl.lu

Ee grousse Merci un iech, eise Sponsor Asport an eise Fotograf Kevin Junck!

Categories
Podcast

Pitstop Podcast – Episod 6

Dat ass séier gaangen: Dës Kéier hu mir iech net laang waarde gelooss a schonn no engem Grand Prix gëtt et eng nei Episod.

Besonnesch ass och, dass mir eis dobäi gefilmt hunn an esou eisen éischte Vodcast gemaach hunn. Perfekt ass et nach net, mee iwwerzeegt iech selwer um fonkelneien Lët’z Fetz YouTube Channel:

Categories
Podcast

Pitstop Podcast – Episod 5

Mir hunn iech erëm waarde gelooss. Dofir keng grouss Erklärungen zu eiser Freestyle Episod an einfach direkt lauschteren!

Categories
Podcast

Pitstop Podcast – Episod 4

Et ass esou enk ewéi ganz laang net méi un der Spëtzt vun der Formel 1. Mir sinn iech ee Réckbléck vun de Grand Prix’en vu Portugal, Spuenien a Monaco schëlleg. Grad dee Leschten huet am Klassement esou munches verännert.

Nieft der F1, dierf den Dylan och an dëser Episod net feelen. Hien huet een nach méi busy Kalenner ewéi mir.

Vill Spaass…

Categories
Podcast

Pitstop Podcast – Episod 3

D’Episod 3 mam groussen Imola-Réckbléck, E Motorsports an dem Dylan Pereira sengem aktuelle Fuerplang ass online.

Mir freeën eis iwwert all Feedback!

Categories
Podcast

Pitstop Podcast – Episod 2

Déi zweet Episod ass do!

Ënnert anerem geet et ëm de Start vun der Formel 1 Saison 2021. An wat ee Start an d’Saison et war?! Dat versprécht dass et eng ganz spannend ka ginn.

Mee mir schwätzen net just iwwert d’Kinneksklass vum Motorsport. Dës Kéier och Thema: Moto GP, DTM an nach vill méi!

Follow, like & share

Categories
Podcast

Pitstop Podcast – Episod 1

Mir erfëllen eis ee grousse Wonsch a gi mat eisem eegenen an eenzegaartege Podcast iwwert eis heemlech Pasioun d’Formel 1 an de Motorsport am Allgemengen online.

Dëse Side Project kënnt dir hei an op de bekannte Streaming Plattforme verfollegen an huet och säin eegenen Instagram: pitstop_podcast.lu

All Mount fiddere mir iech mat enger neier Episod.

Thema dës Kéier: Recap Saison 2020 & Preview op déi nei Saison

Vill Spaass beim Lauschteren an Merci fir d’Deelen!

Categories
Neiegkeeten

Nom Tour ass…

Den Tour ass eriwwer, mee eise Projet nach net.
Dat eent oder anert steet nach un an eis Spendenaktioun leeft nach eng Zäit weider.
Also fir dee wou nach net dozou komm ass, sinn hei nach eng Kéier d‘Méiglechkeeten eise Projet mat engem Don ze ënnerstëtzen.
Merci

Categories
Neiegkeeten

Op der Rull an net méi hei online…

Eisen Internetsite ass onméiglech fir eis um Tour aktuell ze halen. Op Facebook an Instagram bleiwe mir ewéi gewinnt awer aktiv. Do kënnt dir eis weiderhi verfollegen.

Och op eis Spendenaktioun wëlle mir nach eng Kéier hiweisen. Dës ginn integral an d’Reamenagéiere vum Fiichtgebitt Riedergrënn zu Ell investéiert.

LU26 0019 5355 9671 9000 (BCEELULL)

Paypal: https://www.paypal.com/paypalme/letzfetzasbl

Categories
Neiegkeeten

Hausdeier.lu weider als Sponsor dobäi

Mir freeën eis kuerz virun eisem Depart nach e weidere Sponsor begréissen ze kënnen.
Hausdeier.lu huet eis d‘lescht Joer schonn ënnerstëtzt, e grousse Merci fir d‘Vertauen an eis Projeten.

Categories
Neiegkeeten

Prett fir ze fueren

Haut war e wichtegen a spannenden Dag.
Mir hunn eis Gepäck zesumme gesicht a probéiert ze verstauen.
Fazit, et huet erstaunlech gutt geklappt.
Wéi hei ze gesi, ass alles ready fir e Freiden ze starte.

Categories
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Journal Artikel

Haut war ee super Artikel am Lëtzebuerger Journal iwwert eis ze liesen.

Hei de Link: https://www.journal.lu/top-navigation/article/600-bornes-en-tandem-pour-la-nature/

Merci dofir. Mir si geflasht iwwert de ganze Support!

Categories
Neiegkeeten

Artikel moien.lu

E grousse Merci un Moien.lu fir de flotten Artikel iwwert eise Projet Lët‘z Fetz Tandem (Na)tour.
Liest iech en duerch a gitt nach puer Saache méi iwwert de eis an d‘Lët‘z Fetz asbl gewuer.

Categories
Neiegkeeten

Spendenaktioun

D‘Spendenaktioun huet gestart, mir sinn och bal prett, et kann also gläich lass goen.

Mir hunn Haut nach weider Explikatioune fir iech zu dem wat mat äre Spende geschitt.

Mir soe Merci fir d‘Ënnerstëtzung a falls dir nach Froen zum Thema huet däerft dir eis gären e Comment hannerloossen.

Bankkonto:
LU26 0019 5355 9671 9000
BCEELULL

Paypal:

https://www.paypal.com/paypalme/letzfetzasbl

Digicash:
Coming soon…

Categories
Neiegkeeten

Teamwear

ASPORT Teamwear ass pünktlech ukomm.
Richteg gekleet pedalléiert et sech besser.
Wat mengt dir? Hunn mir de richtegen Outfit?

Categories
Neiegkeeten

Gläich ass et esouwäit

E Freideg an enger Woch starte mir eisen Tandem (Na)tour.
Dir kënnt eise Projet dee mir zesumme mat Natur&Ëmwelt ob d‘Bee gestallt hunn gären duerch eng Spend ënnerstëtzen.
Als Rappell, Ziel vum Projet ass et ee Fiichtgebitt am „Riedergrënn“ zu Ell ze amenagéieren.
All Spend ab 50 € gëtt mat engem Vegane Sticker vun eiser ASBL belount.

Bankkonto:
LU26 0019 5355 9671 9000
BCEELULL

Oder via Paypal

https://www.paypal.com/paypalme/letzfetzasbl

Digicash kënnt no… 

Mir soe Merci!

Categories
Neiegkeeten

Top Dag hannert eis

Super Interview um Eldoradio gehat! Dofir ee grousse Merci un d‘Catherine.
Fir dee wou den Interview nach eng Kéier wëll lauschtere kann dat ënnert folgendem Link.

https://www.eldo.lu/aktuell/reportagen/a/103528.html

Donieft stoung awer och nach den nächsten Training um Programm.
Wien eis op eiser Rees wëll verfollegen, kann eis ab elo op Strava followen: Lët‘z Fetz asbl

Categories
Neiegkeeten

Aarbechtsräichen Dag

Ee weideren aarbechtsräichen Dag virun eis.
Um 15 Auer gi mir live an de Studio vum Eldoradio geschalt. Lauschtert bis eran.
Duerno steet den nächsten Training un.

Categories
Neiegkeeten

Gudden Training gëschter

Dikrech-Iechternach Aller-retour 65,58 km
Tandem rullt. D‘Been sinn gutt.

Categories
Neiegkeeten

Trainingsdag

No enger klenger Reparatur un eisem Vëlo vun eisem Sponsor Asport, war den éischten Deel vun eisem Trainingsdag ganz einfach.

Categories
Neiegkeeten

Gesponsort vum ASPORT

Mir freeën eis eisen 1schte Sponsor ze begréissen ASPORT.
Merci fir d’Vertrauen an eis asbl an eis Projets.
Dat gët eng flott zesummen Aarbescht.

Categories
Neiegkeeten

Fakten zum Projet vun dësem Joer

Numm: Lët’z Fetz Tandem (Na)tour
Tandem gesprayt vum Kamellebuttek
Partner/Spendenempfänger: natur&ëmwelt
Ziel: Amenagéiere vun engem Fiichtgebitt/Biotop

Bleift drun fir weider News a Fakten an den nächsten Deeg a Wochen. Merci fir äre Support!

Categories
Neiegkeeten

Mir brauchen är Hëllef

Fir eisen Tour siche mir Vëlostäsche fir ob eise Gepäckdréier.
Mir probéiere als asbl nohalteg ze sinn an eis elo net extra nei ze kafen.
Also vläicht kennt dir jo een deen ee kennt oder esou.
All Hëllef ass wëllkomm.
Merci!

Categories
Neiegkeeten

Reportage verpasst?!

De Reportage an domadder déi neisten News iwwert de Projet vun dësem Joer verpasst?!
Ënnert dem folgende Link kënnt dir iech et ulauschteren.
Zéckt net eis Feedback ze ginn.

https://www.rtl.lu/radio/reportage/s/3205532.html

Ee grousse Merci un d’Lea Schwartz vun RTL Letz fir den Interview an d’Fotoen.

Categories
Neiegkeeten

Reminder/Kloerstellung

Oft si mir gefrot gi wat eigentlech aus eisem Scirocco ginn ass.
An eisem Video op Facebook an Instagram fannt dir d’Äntwert falls dir et net mat kritt hätt.
Nach ze erwäne bleift, dass um Enn vun eisem Projet 2019 de flotte Montant vu 4828,76 € un mir wëllen iech ons Heemecht weise gespent ginn ass.
Lo freeë mir eis ob de Projet 2020 an all déi flott Momenter mat iech ze deelen.
Mir brauchen iech och weiderhin, also stay tuned, like and share.
Merci!

Categories
Neiegkeeten

Resumé vun den Hints

Opgepasst, Opgepasst, Opgepasst!
Nëmmen nach puer Deeg da réckele mir endlech mat eisem Projet 2020 raus.
Fir iech bis dohin Zäit ze verkierzen a fir déi Léit déi eis Hints bis elo nach net gesinn hunn hei nach eng kéier eng kleng Zesummefaassung.
Wat mengt dir dann? Em wat geet et, a wou geet et hin?
Mir si gespaant iwwert äre Feedback.

Categories
Neiegkeeten

Leschten Hint

Haut kritt dir ee leschte klengen Tipp zu eisem Projet 2020.
Huet dir schonn eng Idee em wat et goe kéint?

Categories
Neiegkeeten

Hint Nummer 2

Mir hunn weider fläisseg um Projet 2020 geschafft an et feelt och net méi vill fir iech genau erzielen ze kënne wat mir wëlles hunn… et bleift spannend

Categories
Neiegkeeten

Nach net ugemellt?

An enger Woch ass et esou wäit!
Den 5. Juli ass eisen Drive-In Fotoshooting zu Leideleng.
Mir freeën eis mat Old-Rides.lu op iech.

Categories
Neiegkeeten

Projet 2020: Hint Nummer 1

Hannert de Kulisse gëtt scho fläisseg um Projet 2020 geschafft.
Nach ass net alles prett… Trotzdem hunn mir eis geduecht iech déi nächst Woche mol deen een oder aneren Hint ze ginn, mol kucken ob dir rausfannt wat mir wëlles hunn.

Categories
Neiegkeeten

Drive-In Fotoshooting

Nodeems Lët’z-Rides huet missen ofsot ginn, freeë mir eis den 5. Juli endlech déi éischte Kéier mat eise Kolleege vun Old-Rides.lu een Event ze hunn.
Loosst ären Young- oder Oldtimer vun hinne knipsen a kommt bei eis een drénken.
Mëllt iech einfach ënnert https://www.old-rides.lu/drive-in-shooting/  un.
Bis geschwënn!

Categories
Neiegkeeten

Scirocco Check

Och wann de Scirocco am Projet 2020 vläicht méi eng kleng Roll spillt, gëtt weider dono gekuckt.
Dank Fachmännescher Berodung vum Ben, leeft dësen elo rëm wéi eng Schwäizer Auer.

Categories
Neiegkeeten

Offiziell online

Hannert de Kulissen ass erëm eppes Geniales entstanen.
Et war en mega Challenge, dee vill Stonne kascht huet.
Elo si mir begeeschtert endlech offiziell mat eisem Internetsite online ze goen.

Et gëtt natierlech ee Video vun der Presentatioun vum Site, deen dir op eisem Facebook an Instagram fannt.

Categories
Neiegkeeten

Nei Mail Adress

Eng nei gegrënnten Asbl, en neie Logo an elo och nach eng nei Mail-Adress: info@letzfetzasbl.lu
Vill Aarbecht hate mir déi lëscht Deeg a mir hunn et vermësst.

Categories
Neiegkeeten

Zeréck am Kamellebuttek

Do wou alles ugefaangen huet… an och vläicht weider geet?!
Bleift drun a fannt eraus ob eis zwee léifste Kënschtler och an Zukunft hier Spraydousen erëm am Spill hunn.

Mam Raphael Gindt am Kammelebuttek zu Esch
Categories
Neiegkeeten

Neie Logo

Logo designed by Sarah Espen

Den neie Logo. Entworf vum Sarah Espen. Merci!

Categories
Neiegkeeten

Lët’z Fetz asbl

Hutt dir eis vermësst?
Mir sinn erëm do a mir hu gutt News fir iech.
Lët‘z Fetz ass elo offiziell eng Asbl, mir hunn een neie Logo an de Projet 2020 ass an der Maach.
Kuckt de Video op Facebook iwwert de Link ënnen.

https://www.facebook.com/watch/?v=330183637971189