Geschicht

07/03/2019: Den Dag wou mir eise Scirocco der Garage Losch Jonglënster ofginn hunn. Mir hate keng Anung ewéi grouss de Projet 2019 géing ginn. Photo credits: Kevin Junck

Geschicht vu Lët’z Fetz asbl:

Mir, Gilles a Pier, hunn 2019 aus enger spontaner liicht ugeheiterter Laun eraus e Projet fir de gudden Zweck lancéiert deen als Ziel hat Spendegelder fir d’Associatioun „Mir wëllen iech ons Heemecht weisen“ ze sammelen.

Mir wollten d’Associatioun „Mir wëllen iech ons Heemecht weisen“ ënnerstëtze well Si sech mat engem nach ëmmer aktuellen Thema beschäftege wat ons och wichteg ass; d’Integratioun, d‘Hëlef an de kulturellen Echange vun a mat de Refugiéë vun der ganzer Welt zu Lëtzebuerg.

All déi Erfarungen, Andréck an Erliefnisser déi mir wärend eisem Projet erlieft hunn waren einfach nëmme fantastesch an hunn eis geprägt. Zum Schluss dee geniale Moment vum Iwwerreeche vun eiser Spend an d’Wëssen dass nach et esou vill an eiser Gesellschaft gëtt wat gemaach ka ginn, huet eis motivéiert eng eegen Asbl ze grënnen, dëst mat engem eenzegen Ziel; de gudden Zweck.

21/07/2019: D’Ziel vum Pothole Rodeo zu Zadar, Kroatien.
Photo credits: Team Murauer Charity Rodeo

Projet 2019:

De Projet 2019, Lët’z Fetz, hu mir am Kader vum Pothole Rodeo an d’Liewe geruff. Eng international Auto-Rallye iwwert de Balkan bei der et innerhalb vun 10 Deeg duerch 16 Länner an iwwert 4000 km geet. Konditioune vum Rallye ware folgend: den Auto muss méi al ewéi 20 Joer sinn an net däerf méi ewéi 500€ am Akaf kaschten. De Choix war limitéiert trotzdeem séier gemaach, mir hunn eis en VW Scirocco II aus dem Joer 1983 zougeluecht.

Mat der grousser Hëllef vun der Garage Losch Jonglënster hunn mir eise Scrirocco, dee mir an engem desolaten Zoustand kaf hunn, erëm fuerbar gemaach.

Fir den opteschen Highlight hunn véier Kënschtler duerch hir Graffiti-Konscht gesuergt.

Déi groussaarteg Hëllef vun all eise Sponsoren a Supporter huet eis gehollef e super Projet ze realiséieren, sou dass mir a 16 Deeg 8272,5 km duerch 23 Länner zeréck geluecht hunn.

Mir sinn houfereg dass zum Schluss e Montant vu 4828,76€ zesumme komm ass, dee mir spende konnten.

08/11/2019: Check Iwwerreechung am “Atelier”.
Photo credits: Mir wëllen iech ons Heemecht weisen
Lettering designed by Sarah Espen