Ab elo wëlle mir all Joer ob een Neits eis eng Associatioun, gutt Saach, e Veräin oder Projet eraus siche fir déi oder dee mir et wichteg a richteg fannen ze spenden an se ze ënnerstëtzen, dëst a Form vun kleng a grouss, sozial, kulturell an oder sportlech Projeten.
Mir si zwee jonk, positiv an engagéiert Jongen, Déieren, Natur a Mënsche sinn eis wichteg a leien ons um Häerz, och fir en méi oder manner spektakuläert Abenteuer si mir eis ni ze schued, soudass mir och déi nächst Jore genuch Beschäftegung wäerten hunn.
Eist Markenzeechen, eise Scirocco, ass natierlech weiderhin als eist Transportmëttel a Maskottche mat dobäi.
Dofir schenkt eis e Like, followt an ënnerstëtzt eis och weider bei allem wat mir zukünfteg fir hunn. Lët’z Fetz ass nach esoubal net fäerdeg.
